UEFATierkeschen Nationalspiller Merih Demiral fir zwee EM-Matcher gespaart

RTL Lëtzebuerg
Dat nodeems hien an der Aachtelsfinall géint Éisträich zwee Goler geschoss huet an de sougenannte "Wollefsgrouss" gewisen huet.

En Hand-Geste, dee vun tierkesche Rietsextremiste gebraucht gëtt. An de soziale Reseaue gouf dëse Virfall kontrovers diskutéiert a vu ville Leit eng Spär fir den Nationalspiller gefuerdert. D’europäesch Futtballunioun huet deemno decidéiert, datt de 26 Joer alen Defenseur déi zwee nächst Matcher op der Bänk muss sëtzen.

Back to Top
CIM LOGO