Lëtzebuerger Sportler am AuslandTina Welter wënnt a Coupe, Thomas Grün mat Tréierer Gladiators

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend war d'Lëtzebuergerin mat Frisch Auf! Göppingen an der 2. Ronn vum DHB-Pokal am Asaz.

Hei huet d'Tina Welter souverän 36:23 géint Rödertal gewonnen. D'Lëtzebuerger Handball-Nationalspillerin stoung déi gesamte Partie iwwer um Parquet an huet hirer Ekipp mat 2 perséinleche Goler an engem Assist gehollef.
An der 2. däitscher Basketball-Bundesliga huet Tréier e bëssen iwwerraschend géint Chemnitz gewonnen, mat 97 op 92. Et war e Sonndeg den Owend um Enn e ganz serréierte Match. Déi Tréierer ware schonn op 17 Punkte fir, mä dunn hunn déi staark Chemnitzer an de Schlussminutten opgedréit a si bäikomm.

A grad an deene Schlussminutten huet de Lëtzebuerger Thomas Grün mat engem Rebound, enger Interceptioun an engem Fräiworf eng entscheedend Roll gespillt. En Thomas Grün, deen am ganzen nëmmen knapp 9 Minutten um Terrain stoung.

Back to Top
CIM LOGO