
Si hu nämlech an der Nuecht op en Dënschdeg doheem 105 op 106 géint d’Golden State Warriors verluer. Et steet elo 3 – 2 fir d’Raptors. Déi éischt Ekipp déi 4 vun de 7 Matcher gewonnen huet ass Champion.
Den nächste Match ass e Freideg zu Oakland a Kalifornien. Fir Golden State kéint et schwiereg ginn, well hire Star Kevin Durant sech op en neits verletzt huet. Hie war eréischt aus der Verletzungspaus zeréck.