Internationale FuttballVictoirë fir Tottenham, Liverpool an Neapel

RTL Lëtzebuerg
Liverpool gewënnt géint Bournemouth a Brentford klappt Fulham mat 3:0. Real Sociedad a Celta Vigo spillen 1:1.Montpellier iwwerrennt Lyon.
© AFP

Stoung an der Premier League um Samschdeg schonn den 2. Spilldag um Programm, waren et an der 1. Däitscher Bundesliga déi éischt Matcher vun der neier Saison. Hei huet ënnert anerem Leverkusen géint Leipzig gewonnen. An och e puer Lëtzebuerger Futtballer waren am Asaz, hei hat de Yvandro Borges entscheedenden Undeel um 4:4 vu Gladbach géint Augsburg.

Premier League

FC Fulham - FC Brentford 0:3
0:1 Wissa (44'), 0:2 Mbeumo (66'), 0:3 Mbeumo (90+3')

FC Liverpool - AFC Bournemouth 3:1
0:1 Semenyo (3'), 1:1 Diaz (28'), 2:1 Salah (36'), 3:1 Diogo Jota (62')

No fréiem Réckstand kann d’Ekipp vum Jürgen Klopp de Heemmatch géint Bournemouth duerch Goler vun Diaz, Salah an Diogo Jota nach dréinen a geet um Enn verdéngt als Gewënner vum Terrain. No enger rouder Kaart vum Mac Allister ass den Endo, ënnert der Woch vum VFB Stuttgart op d’Anfield Road gewiesselt, och direkt zu sengem 1. Asaz komm. Alles an allem war et eng iwwerleeë Victoire fir Liverpool, eenzeg d’Chancëverwäertung huet ze wënschen iwwreg gelooss.

Tottenham Hotspur - Manchester United 2:0
1:0 Sarr (49'), 2:0 Martinez (Selbstgol, 83')

Tottenham huet um 2. Spilldag déi 1. Victoire an dëser Saison konnte feieren, gläichzäiteg war et och déi éischte Victoire fir den neien Trainer Ange Postecoglou. Virun allem an der 1. Hallschent waren et awer d’Gäscht vu Manchester déi um Drecker waren, konnten awer mat hire sëllege gudden Offensivaktioun fir keng richteg Gefor suergen. Een anert Bild huet sech an deenen zweete 45 Minutte gewisen. Tottenham war besser a sinn an der 49. Minutt duerch de Sarr a Féierung gaangen. Duerch de Martinez säi Selbstgol an der 83. Minutt war de Match entscheet.

Manchester City - Newcastle United 1:0
1:0 Alvarez (31')

Dem englesche Champion ass ee Gol vum Alvarez an der 31. Minutt duergaangen, fir sech déi zweete Victoire an dëser Saison ze sécheren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Frosinone Calcio - SSC Neapel 1:3
1:0 Harroui (7'), 1:1 Politano (24'), 1:2 Osimhen (42'), 1:3 Osimhen (79')

Den aktuelle Champion Neapel gewënnt den 1. Match an der Saison mat 3:1. Nodeems Neapel an der Paus mat 2:1 a Féierung louch, hätt Frosinone Calcio direkt nom Säitewiessel kéinten ausgläichen, de Ball sollt awer just un de Potto goen. An der 79. Minutt huet den Osimhen mat sengem zweete Gol fir d’Virentscheedung gesuergt.

Inter Mailand - SSD Monza 2:0
1:0 Martinez La. (8'), 2:0 Martinez La. 76'

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Olympique Lyon - HSC Montpellier 1:4
0:1 Nordin (20'), 0:2 Al-Ramari (39'), 0:3 Al-Tamari (66'), 1:3 Lacazette (69'), 1:4 Adams (89')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Sociedad - Celta Vigo 1:1
1:0 Barrenetxea (22'), 1:1 Mingueza (90+4')

Real Sociedad huet laang nom séchere Gewënner ausgesinn, éier de Mingueza an der 4. Minutt vun der Nospillzäit den Ausgläich fir d’Gäscht markéiere konnt. Fir Celta Vigo ass et den 1. Punkt an dëser nach jonker Saison.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO