
Op der Summer Universiade zu Chengdu a China huet sech en Donneschdeg d’Victoria Rausch iwwer 100 Meter Hecke fir d’Halleffinallen e Freideg qualifizéiert.
An hirer Serie ass d’Lëtzebuergerin mat engem Chrono vun 13,52 Sekonnen déi 4. ginn, dat ass duergaangen, fir sech iwwert d’Zäit fir d’Halleffinallen ze qualifizéieren.
De Lëtzebuerger Rekord vum Victoria Rausch läit bei 13,24 Sekonnen.