
No der 3:1-Victoire vun der Gym géint Walfer um Samschdeg koum et um Sonndeg zur entscheedender 3. Halleffinall. Hei konnt sech Walfer um Enn mat 3:1 an de Sätz duerchsetzen an den Ticket fir d’Finall léisen.
Halleffinallen
Walfer - Gym Volley 3:1 (27:25, 25:22, 16:25, 25:19)
No den éischten zwee enken a serréierte Sätz konnt sech Walfer um Enn mat 3:1 duerchsetzen a sou den Ticket fir d’Finall zéien. Soumat konnt sech Walfer erfollegräich fir d’Defaite um Samschdeg revanchéieren. An der Finall trëfft Walfer op d’Damme vu Mamer.
Playdown
Bartreng - Péiteng 1:3 (16:25, 20:25, 25:20, 26:28)
Finall
Bei den Häre gouf et um Samschdeg ewell eng Victoire fir Stroossen géint Luerenzweiler an der 1. Finall.
Playdown
Iechternach - CHEV Dikrech 0:3 (18:25, 15:25, 18:25)
