Stroossen entscheet déi 1. Finall géint Luerenzweiler fir sech

© pressphoto (Archiv)
Stroossen huet mat enger staarker Leeschtung déi éischt Partie mat 25:16, 25:16, 25:21 no 3 Sätz fir sech entscheet.
E Samschdeg ass bei den Hären déi 1. Finall vum Best-Of-Three-Modus tëscht Stroossen a Luerenzweiler gespillt ginn. Bei den Damme stoung iwwerdeems eng 2. Halleffinall um Programm.
Härevolleyball
Finall
VC Stroossen - VC Luerenzweiler 3:0
(25:16, 25:16, 25:21)
Am éischte Match vun der Finall am Championnat huet Stroossen dem VC Luerenzweiler keng Chance gelooss. Mat 25:16, 25:16 a 25:21 ass d'Partie mat enger 3:0-Victoire op en Enn gaangen. D'Entscheedung ëm de Championstitel kéint mat enger zweeter Stroossener Victoire falen, wann déi 2. Finall den 9. Mee gespillt gëtt.
3. Plaz
VC Fenteng - Escher VBC 2:3
(27:25, 25:22, 25:27, 26:28, 11:15)
Resultater Finall
Playdown
Playdown
Dammevolleyball
Halleffinallen
Gym Volley - RSR Walfer 3:1
(15:25, 25:19, 25:17, 25:22)
Bei den Dammen hat den RSR Walfer d'Chance sech duerch eng weider Victoire an der 2. Halleffinall fir d'Finall ze qualifizéieren. Den Gym Volley hat do awer eppes dergéint a konnt op d'Defaite am 1. Match eng Äntwert weisen. Um Enn stoung eng 3:1-Victoire fir d'Lokalekipp a sou fällt d'Entscheedung an der 3. Halleffinall, déi schonn e Sonndeg gespillt gëtt.
Dammen Halleffinallen
Playdown