
Aktuell schaffe 7 Leit am LIHPS an déi gräifen och op Experte vu baussen zeréck. Et profitéieren den Ament eng 65 Sportler vun de Servicer vum LIHPS. Den Alwin de Prins ass Direkter zu Stroossen. De fréiere Schwëmmer ass zefridden, wéi sech de LIHPS an de leschte Méint entwéckelt huet a schwätzt vun engem absolut positive Bilan no engem Joer.
"Mir hu virun allem dorunner geschafft, fir eng koherent a performant Struktur ze schafen. Fir den Héichleeschtungssportler Servicer zu Verfügung ze stellen, iwwer eis eegen Experten a via eis 3 Pilieren: D'Coque mam HPTRC, d'Sportsklinik zu Eech, respektiv der Sportfabrik, déi nach zu Déifferdeng gebaut gëtt. Mir kennen d'Sportler begleede bei der Preparation Physique, der Bio-Mechanik, der Leeschtungsdiagnostik, der Sport-Psychologie, der Nutritioun, der Sport-Medezin, der Sport-Kiné an och an der Berodung vun der duebeler Karriär."
De LIHPS ass eng Struktur, déi de Lëtzebuerger Héichleeschtungssportler eng Partie Servicer ubitt, fir dass si an hire respektive Sportaarten de Maximum u Leeschtung kënnen opruffen. Aktuell sinn dat eng 65 Sportler, déi op déi Servicer zeréckgräifen.
"Mir decken domadder méi wéi 60 Prozent vun de Kadere vum Comité Olympique of an d'Sportler profitéieren an der Moyenne vu Minimum 2 vun de sportleche Servicer.", erkläert den Alwin de Prins.
Als fréieren Héichleeschtungssportler weess den Alwin de Prins, dass et elo wärend der Corona-Kris keng einfach Zäit fir d'Sportler ass.
"Déi stänneg Onsécherheet, d'Ewechfale vun der sportlecher Form, awer och d'Ofsoe vun de groussen Evenementer, dat suergt dofir, dass dat eng mental schwéier Zäit war an dass een elo muss kreativ sinn, fir nei sportlech Ziler fir déi nächste Méint ze definéieren."
Wärend der Corona-Kris war d'Kommunikatioun tëscht dem LIHPS an de Sportler méi komplizéiert wéi soss. Et ass vill online geschafft ginn.
"Zemools d'Sports-Psychologie, d'Nutritiounsberodung an d'Berodung an der duebeler Karriär. Awer och an der Préparation physique, der Sport-Kiné hu mir d'Leit beroden, fir Saachen doheem ze maachen. Zanter dem 4. Mee ass d'Coque fir ongeféier 25 Héichleeschtungssportler nees accessibel an do ass de LIHPS zoustänneg fir de Planning, d'Begleedung vun de Sportler a selbstverständlech och d'Hygiènesmoossnamen.
Och de COSL-President André Hoffmann ass no engem gudde Joer LIHPS zefridde mat der Aarbecht, déi bis elo geleescht gouf.
"Et funktionéiert eigentlech ganz gutt an et sinn och ganz vill Sportler, déi dat an Usproch huelen. Et ass natierlech nach ausbaufäeg an do gëtt weider dru geschafft. Mir si ganz confient, dass dat dem Lëtzebuerger Spëtzesport ganz vill wäert bréngen."
Den Ament schaffe 7 Leit haaptberuflech beim LIHPS.