
6 Decisioune stoungen um Programm:
Iwwer 100 Meter Réck huet d'Sarah Rolko eng weider Sëlwermedail gewonnen. D'Lëtzebuergerin huet no 1 Minutt 4 Sekonnen a 36 Honnertstel ugeschloen a d'Goldmedail ëm iwwer 2 Sekonne verpasst.
Bei den Häre gouf et eng weider Goldmedail fir de Raphaël Stacchiotti. Dat an enger Zäit vu 56 Sekonnen a 95 Honnertstel.
De Pit Brandenburger huet no senger Goldmedail iwwer 1500 Meter Crawl och d'400 Meter gewonnen. Dat an enger Zäit vun 3 Minutte 56 Sekonnen a 17 Honnertstel. Domadder ass hien 3 Honnertstel ënner sengem eegenen nationale Rekord bliwwen. Mam Jacques Schmitz stoung als Drëtten nach ee weidere Lëtzebuerger um Podium. Hien huet 4 Minutte 6 Sekonnen an 29 Honnertstel gebraucht.
Bei den Dammen huet d'Monique Olivier Sëlwer gewonnen. Si huet no 4 Minutten 18 Sekonnen an 63 Honnertstel ugeschloen a war iwwer 3 Sekonne vu Gold ewech.
Fir d'Lena Peters gouf et eng Sëlwermedail iwwer 100 Meter Papillon, dat an enger Zäit vun 1 Minutt 2 Sekonnen a 54 Honnertstel.
Bei den Hären hu sech de Raphaël Stacchiotti an de Julien Henx Gold a Sëlwer geséchert. Béid Schwëmmer hunn nëmmen 28 Honnertstel getrennt.
An der 4x200-Meter-Staffel gouf et esouwuel fir d'Lëtzebuerger Dammen (Olivier, Banky, Peters, Jominet), wéi och fir d'Lëtzebuerger Hären (Fabiani, Schmitz, Brandenburger a Stacchiotti) Gold. D'Dammen hunn och een neie Lëtzebuerger Rekord realiséiert. De Chrono ass no 8 Minutten 30 Sekonnen an 38 Honnertstel stoe bliwwen, dat ass eng Verbesserung vu 6 Sekonnen a 4 Honnertstel.
