
Als Favorit gëllt den Hollänner Virgil Van Dijk, deen zu Liverpool spillt, an dee sech géint de Ronaldo a Messi dierft duerchsetzen. Hie wier domadder eréischt den 2. Verdeedeger, dee Weltfuttballer gëtt. Deen éischte war den Italiener Cannavaro virun 13 Joer. Fir d'Saison 18/19 gouf de Virgil Van Dijk schonn als beschten europäesche Spiller ausgezeechent.
Bei de Frae goufen d'Lucy Bronze, d'Alex Morgan an d'Megan Rapinoe nominéiert.
De Pep Guardiola, de Jürgen Klopp an de Mauricio Pochettino sinn d'Finaliste fir d'Auszeechnung "The Best FIFA Men's Coach". D'Jill Ellis, de Phil Neville an d'Sarina Wiegman sinn et bei de Fraenekippen.