Den 1. Mee d'nächst Joer soll eng Vignette op de belschen Autobunnen an Nationalstroossen agefouert ginn. Och wann een den Ament also nach keng brauch, géinge scho vill Leit beim ACL nofroen. D'Ukënnegung hätt fir Veronsécherung gesuergt, esou de Frank Maas vum ACL, well dat Ganzt nach relativ ontransparent ass. E Gesetzestext gëtt et effektiv nach net. Et géing een d'Situatioun als ACL dowéinst genee suivéieren, fir d'Informatiounen dann och kënne weider ze ginn.
Och d'Regierung waart nach op déi genee Texter, déi een dann och mat den Nopeschlänner analyséiere wëll, esou d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes. Allgemeng géing een d'Decisioun aus der Belsch awer net gutt fannen, betount nach d'Ministesch. Eréischt wann d'Texter virleien, kéint een och kucken, ob se mam EU-Recht konform sinn. Déi däitsch PKW-Maut war jo gekippt ginn, well d'Residenten iwwert eng steierlech Reduktioun d'Zomm vun der PKW-Maut sollten zeréckkréien.
D'EU verbitt awer Diskriminéierungen op Grond vun der Nationalitéit. Dass nëmme Gefierer mat auslännesche Placke musse bezuelen, dat geet also net. Aus der Belsch heescht et, et hätt een aus der däitscher Defaite Léiere gezunn. D'Detailer sinn awer nach net all bekannt. Wéi et aktuell ausgesäit, soll et verschidden Optioune ginn: Eng Vignette fir just een Dag, eng fir 2 Deeg, fir 1 Mount oder fir 2 Méint an natierlech déi fir d'ganzt Joer. Bezuele muss ee fir all d'Gefierer ënner 3,5 Tonnen, fir iwwert Autobunnen a Schnellstroossen dierfen ze fueren. Motorrieder sinn net betraff.
Wann d'Suen, déi duerch eng Vignette erhuewe ginn, an d'Stroossen-Infrastruktur fléissen, wier et jo eng gutt Saach, esou nach de Frank Maas. Dem ACL no soll e Vignette-System op jidder Fall fair bleiwen an einfach sinn. Esou dass en d'Beweegungsfräiheet tëscht de Länner net beaflosst.