
D'CSV-DP-Regierung ass mat grousse Wierder a ville Verspriechen ugetrueden, mä zwee an en halleft Joer duerno wier kloer, datt se just reagéiert amplaz ze féieren a keng kloer Linn huet; d'LSAP huet e Freideg op hirer Bilans-Pressekonferenz net mat Kritik un der Majoritéit gespuert.
Den annoncéierte Mesurëpak am Logement geet an den Ae vun de Sozialiste bei Wäitem net duer, fir d'Wunnengskris ze léisen. Mam geplangten eenheetlechen nationale Bautereglement wäert net eng Wunneng méi gebaut ginn, huet d'Fraktiounscheffin Taina Bofferding kritiséiert. Vill méi misst d'Regierung endlech an de Krisemodus schalten an aktiv mat enger ganzer Panoplie an de Wunnengsmaart agräifen, deen net méi funktionéiert.
Fir de Rescht hunn d'Sozialiste vill vun hire Kriticken aus de leschte Méint widderholl: An der Santé wier e Wildwuchs. D'Steierreform wier zwar prinzipiell eng gutt Iddi, mä dat géif nach laang keng gutt Reform ausmaachen, esou ganz ouni Géigefinanzéierung. Schwaarz-Blo hätt muttwëlles vill Parzeläin am Sozialdialog zerschloen an d'Ouvertureszäiten an de Butteker verlängert, vun deenen déi mannst lo Gebrauch géife maachen. Do misst ee sech froen, ob et dat alles wäert war.
Datt de Premier Luc Frieden sou onbeléift an de Sondage wier, géif net dru leien, datt hien keen Hond hätt, huet d'Taina Bofferding gestëppelt an op d'Optrëtter vum Xavier Bettel sengem Hausdéier ugespillt. Soss kéint si dem CSV-President och gär hiren Dackel léinen. De Problem vum Luc Frieden awer wier, datt hien net an d'Quartiere bei d'Leit spadséieren géif goen, soss géif hie mierken, wou de Schong dréckt.
Déi gréisst Oppositiounspartei huet bedauert, datt hir parlamentaresch Initiativen an der Chamber vun de Majoritéitsparteien dacks op déi laang Bänk gedréckt géife ginn. Et hätt beispillsweis ee Joer gedauert, bis an der Santéskommissioun iwwert d'Propositioun vun de Sozialisten iwwert den "Droit à l'oubli" diskutéiert gi wier.
Datt et bei der LSAP alt ënnerschiddlech Meenungen gëtt, wéi ze lescht nach beim Asyl- a Migratiounspak, wou d'Liz Braz kuerzfristeg sech als Riednerin zréckgezunn hat, well se net d'Linn vun hirer Partei vertriede wollt, obwuel si eigentlech d'Spriecherin vum Dossier war, huet d'Taina Bofferding domadder ofgoen, datt d'Sozialisten eben alles anescht wieren, wéi eng Partei vu "Kopfnicker". Si géif hir Roll als Fraktiounspresidentin och bewosst net doranner gesinn, fir Divergenzen z'evitéieren, mä déi verschidde Meenungen zesummenzebréngen. Ee Joer no der oppener Kritik um Féierungsstil vun der Südddeputéiert an der Press, sot sech d'Taina Bofferding betount "sou motivéiert wéi um éischten Dag", fir d'Fraktioun weider ze féieren.