
Wéi d'Police um Samschdeg matdeelt, hätt een um fréie Freidegmoien en uergen Accident op der N2 gemellt kritt, dat tëscht Bous a Réimech.
En Automobilist wier hei mat sengem Gefier, aus bis ewell ongekläerter Ursaach, vun der Strooss ofkomm a frontal an e Bam gerannt. Den Auto wier duerch d'Wucht vum Opprall nees no hanne geschleidert ginn.
D'Police an d'Rettungsdéngschter sinn op d'Plaz vum Accident gefuer. Och en Dokter, deen zoufälleg laanscht gefuer ass, war present. De Chauffer vum Auto war uerg um Kapp blesséiert an net uspriechbar. Hie gouf vun de Secouristen aus dem Auto gebuergen an duerno an d'Spidol transportéiert. Stand e Samschdegmoien befënnt d'Affer sech nach ëmmer a Liewensgefor.