Gemengerot wielt neie SchäfferotDe Claude Schmit gouf zum neie Buergermeeschter vun Ell gewielt

RTL Lëtzebuerg
No der Demissioun vum Buergermeeschter Henri Rasqué aus perséinleche Grënn an dem Réckzuch vun der Schäffin Denise Glodé huet de Gemengerot mat grousser Majoritéit en neie Schäfferot gewielt
© Gemeng Ell

De Claude Schmit, bis elo Gemengerot, gouf zum neie Buergermeeschter gewielt. Hie wäert d'Gemeng bis zum Enn vun der aktueller Legislaturperiod, also fir déi nächst dräi Joer, féieren.

De Kim Müller, bis elo Éischte Schäffen, huet aus familiäre Grënn drop verzicht, d'Amt vum Buergermeeschter unzehuelen. Hie bleift awer weiderhin als Schäffen am Amt.

Am Kader vun der Rotatioun gëtt d'Steve Gereke neie Zweete Schäffen an iwwerhëlt d'Amt vun der Denise Glodé.

Zu de wichtegste Prioritéite gehéieren "de Bau vun enger neier Schoul an enger Maison Relais, de soziale a bezuelbare Wunnengsbau, d'Renovatioun vun den Duerfkären an dem Duerfcafé "Beim Margot", eng méi staark Biergerbedeelegung an eng nohalteg Entwécklung vun der Gemeng."

Back to Top
CIM LOGO