
An der 1. Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun huet Bissen sech am Retourmatch misse mat 1:2 géint Klaksvik geschloe ginn. De Lëtzebuerger Champion huet de ganze Match iwwer gutt mam Géigner matgehalen, huet an der Defense awer 2 entscheedend Feeler gemaach. Doduerch konnt de Réckstand aus dem Allersmatch net méi gedréint ginn.
D'Partie goung mat vill Schwong lass. An der 3. Minutt gouf et op béide Säiten déi éischt Chance. Den Danielson war mat engem Schoss um Bisser Golkipp hänke bliwwen. Op der anere Säit huet de Rodrigues knapp laanscht de Gol geziilt. An der 9. Minutt goung Klaksvik duerch de Frederiksberg a Féierung. Biissen huet sech vun deem Réckschlag missen erhuele konnt an der 25. Minutt duerch de Ferber ausgläichen. 14 Minutte méi spéit hat de Crame d'Féierung fir d'Lëtzebuerger um Fouss. Hien ass eleng virum Gol awer net laanscht de Golkipper komm. D'Säite goufe mam 1:1 gewiesselt.
An der 2. Hallschent konnt Klaksvik no engem Corner 2:1 a Féierung goen. De Klettskarð hat de Ball an de Gol gekäppt. Klaksvik huet an der Suite d'Partie geréiert a Biissen konnt sech just nach kleng Méiglechkeeten erausspillen.
Déi europäesch Aventure ass fir Biissen awer nach net eriwwer. Fir d'Lëtzebuerger geet et an der Conference-League-Qualifikatioun weider.