
Den 12. Juni war et zu Ettelbréck zu engem Fall vu versichtem Mord komm. D'Affer war de Curateur, dee sech ëm d‘Faillite vum presuméierten Täter gekëmmert huet. Dëse sëtzt zanterhier an Untersuchungshaft.
De Barreau vun Dikrech schléit dann en Donneschdeg Alarm, a verurteelt Gewalt-Dote géint Affekoten a Justiz-Mataarbechter an engem Schreiwes vehement. An dësem spezifesche Fall solidariséiert ee sech explizitt mam Confrère, a seet him all néideg Ënnerstëtzung zou. D'Dot géif weisen, wéi enge Risiken Affekoten ausgesat wieren, andeems se hire juristesche Flichten noginn, virun allem als Curateur.
Och wann dëse Fall vun enger besonnescher Gravitéit wier, wier et keen isoléierte Fall, stellt den Dikrecher Barreau fest. Menacen, verbal Aggressiounen oder heiansdo och physesch Gewalt kéime reegelméisseg vir.
All Fall sollt dofir systematesch beim Parquet denoncéiert ginn, an appropriéiert juristesch Strofe wiere wichteg, fir d'Protektioun vum Rechtsstaat.