Mobilitéitsministesch BackesBelsch Vignette kéint eng Diskriminatioun sinn, wa Residenten e Montant nogelooss kréien

François Aulner
Déi Lëtzebuerger Mobilitéitsministesch ass net erfreet iwwer d'Nouvelle, datt vum nächste Joer un an der Belsch eng Vignette fir Automobiliste kéint agefouert ginn.
© Ajdin Kamber/Shutterstock

D'Regierung kann d'Iddi vun enger Vignette op de belschen Autobunnen an Nationalstroossen net gutt fannen, esou d'Reaktioun vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes e Mëttwoch am RTL-Interview. Déi dräi belsch Regioune si sech Eens ginn, fir eng digital Vignette fir Gefier bis 3,5 Tonnen vum 1. Mee dat nächst Joer un anzeféieren.

D'Vignette wier je no Gefier-Klasse an Dauer gestaffelt ginn. Et géife fënnef verschidden Zäitraim an 3 Klasse ginn: elektresch Autoe géingen am mannste bezuelen, Verbrenner e bësse méi an Autoen vu virun 2005 nach emol bësse méi. Well Däitschland mat senger Maut virum europäesche Geriichtshaff 2019 gescheitert ass, hunn déi belsch Regioune Wëlles, se fir jiddereen anzeféieren – net just fir Net-Residenten.

Allerdéngs soll et fir déi belsch Residenten e Mechanismus ginn, fir déi zousätzlech Facture ze neutraliséieren. D'Yuriko Backes ënnerschätzt net d'Schlauheet vun de Belsch, fir e Wee ze fannen, fir eng Vignette anzeféieren. Wa belsch Residenten awer e Montant nogelooss kréichen, kéint dat der Ministesch no awer schonn eng Diskriminéierung duerstellen.

Negative sozialen, ekonomeschen, ekologeschen Impakt a Schläichweeër

D'Yuriko Backes fäert en negativen Impakt op de grenziwwerschreidende Verkéier, sief dat fir d'Leit, d'Studenten oder d'Betriber. Als iwwerzeegten Europäerin géing si dat "traureg" fannen. Si sot de federale Minister an der Belsch Jean-Luc Crucke géing dat och esou gesinn. Vun de Vertrieder vun den dräi Regioune wier si nach net kontaktéiert ginn, obwuel de Crucke se gefrot gehat hätt, dat ze maachen.

Si huet awer och op d'Consultatiounsphas higewisen, déi ugeet an, d'Mobilitéitsministesch wéisst gären, ob déi belsch Regiounen Etüde gemaach hätten, iwwert de sozialen, ekonomeschen oder nach ekologeschen Impakt vun enger Vignette. Mä och deen op d'Sécherheet, well si geet dovunner aus, datt vill Leit wäerte Schläichweeër benotzen, fir laanscht d'Vignette ze kommen.

D'Yuriko Backes hat och scho Kontakt mat hiren franséischen, däitschen an hollänneschen Homologen. Esoubal déi legislativ Texter am Detail bekannt sinn, géing iwwert nächst Schrëtt decidéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO