
An der 1. Hallschent koum an der Partie tëscht England an Argentinien kaum Spillfloss op. D'Spiller vu béiden Ekippe sinn deelweis haart an d'Zweekämpf gaangen an hunn ëmmer nees mateneen diskutéiert. Den Arbitter hat d'Hänn voll ze dinn, ass an der hëtzeger Partie roueg bliwwen. Méiglechkeete gouf et o béide Säiten an der 1. Hallschent quasi keng. De Stones hat knapp laanscht gekäppt, op der anerer Säit hat de Fernandez knapp ze héicht geziilt.
Nom Säitewiessel gouf vill méi Fussball gespillt an Argentinien war direkt mat enger duebeler Chance duerch den Alvarez geféierlech. England huet op Kontere gelauert a gouf an der 55. Minutt belount. No enger flotter Aktioun iwwer Rice a Rogers, huet deen de Ball an d'Mëtt geflankt. De Gordon stoung richteg a konnt de Ball am Filet ënnerbréngen.
De Gol huet England keng Sécherheet ginn an d'Ekipp vum Thomas Tuchel huet sech just hannendra gestallt. Argentinien konnt den Drock erhéijen, ass an enger éischter Phas awer um staarke Pickford oder um Potto hänke bliwwen. Nom 2. Hydration Break huet de Scaloni mat senge Wiesselen alles op eng Kaart gesat an hie gouf belount. No engem Corner ass dem Fernandez an der 85. Minutt den Ausgläich gegléckt. D'Südamerikaner hu weider no vir gespillt an hu sech an der 92. Minutt selwer belount. No engem wiedere Pottoschoss duerch de Mac Allister ass de Messi un de Ball komm. Seng Flank vun der rietser Säit huet de Martinez an de Gol gekäppt. Och ouni Gol war de Messi nees spillentscheedend, hie konnt béid Goler virbereeden. Vun England koum an der Nospillzäit näischt méi, esou datt et bei der verdéngter 2:1-Victoire fir Argentinien blouf.
An der Finall, déi um Sonndeg um 21 Auer ugepaff gëtt, kritt Argentinien et mat Spuenien ze dinn, déi sech an der 1. Halleffinall géint Frankräich behaapte konnten.
Alles ronderëm d’WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.