Beim Klassiker Kuurne-Bréissel-Kuurne gouf et kuerz virun der Arrivée eng éischter kuriéis Situatioun.
3,2 Kilometer virun der Arrivée hunn d'Coureure missen duerch e Rond-point fueren an hei waren zwee Profien dobäi, déi déi falsch Sortie geholl hunn an domat all hir Chancen op eng Victoire beim Klassiker verfuer hunn.