Festival Elsy Jacobs2. Etappevictoire a General fir d'Emma Norsgaard

RTL Lëtzebuerg
D'Christine Majerus gouf um Sonndeg dat 11. an der selwechter Zäit wéi d'Gewënnerin. Am General gouf d'Lëtzebuerger Championne dat 8..

D’Emma Norsgaard huet déi 13. Editioun vum Festival Elsy Jacobs gewonnen. D’Coureuse vu Movistar konnt sech no der éischter Etapp e Samschdeg och déi zweet e Sonndeg sécheren. Am Sprint konnt si sech zu Garnech virum Maria Confalonieri an dem Sofia Bertizzolo duerchsetzen an huet domadder hir Féierung verdeedegt.

D’Christine Majerus ass op der leschter Etapp als 11. an der nämmlechter Zäit wéi d’Gewënnerin iwwert d’Arrivée gefuer. D’Lëtzebuerger Championne gëtt um Enn déi 8. op 21 Sekonnen. D’Nina Berton ass d’Course net op en Enn gefuer.

D’Christine Majerus war e Sonndeg d’Invitée am Sport-Journal op der Tëlee.

RTL Sport
Wat war de Weekend iwwert an der Sportsakutalitéit lass? Am Sportclub gitt Dir et gewuer. Hei kritt dir d’Biller, Interviewen a Resultater.

De Resumé vun der Etapp

Nom Prolog um Freideg an der éischter Etapp um Samschdeg stoung um Sonndeg déi zweeten a leschten Etapp vum Festival Elsy Jacobs um Programm. Et goung iwwer gutt 105 Kilometer mam Depart a mat der Arrivée zu Garnech wou et no gutt 60 Kilometer nach 5 Mol op ee Circuit vu knapps 9 Kilometer goung.

No der Victoire vum Emma Norsgaard um Samschdeg goung d’Damm vun der Ekipp Movistar och als Leader op déi zweeten Etapp. D’Christine Majerus hat virum Depart als 9. ee Retard vun nëmmen 11 Sekonnen op d’Leaderin.

Relativ fréi an der Course gouf et eng Attack vum Mischa Bredewold, dat sech eleng ofsetze konnt an d’Course esou vu vir gefuer ass. De Peloton hannendru war laang kompakt a sou konnte si d’Mischa Bredewold och erëm stellen, dëst ronn 37 Kilometer virun der Arrivée. Duerno gouf den Tempo am Peloton lues a lues ugezunn, esou dass d’Feld ëmmer weider ausernee gezu gouf.

15 Kilometer virun der Ligne d’Arrivée war et d’Elise Chabbey, wat attackéiert hat. D’Schwäizer Championne konnt sech liicht ofsetzen, ma d’Attack war awer net vun Erfolleg gekréint.

Duerno goufen et ëmmer erëm Versich, fir sech ofzesetzen, ma d’Entscheedung sollt awer op sech waarde loossen.

Um Enn sollt d’Course mat engem Sprint op en Enn goen. Hei war et op en Neits d’Emma Norsgaard, dat sech duerchsetze konnt a sech soumat net nëmme seng zweete Victoire séchere konnt, mee och de General vum Festival Elsy Jacobs.

D’Christine Majerus ass no enger gudder an animéierter Leeschtung am Grupp vun der Gewënnerin iwwert de wäisse Stréch gefuer. Um Enn gouf et eng 11. Plaz. Am General verbessert sech d’Lëtzebuerger Championne op déi 8. Plaz.

D’Top 10

1NORSGAARD EmmaMovistar Team 2:47:55
2CONFALONIERI Maria GiuliaCeratizit-WNT Pro Cycling ,,
3BERTIZZOLO SofiaLiv Racing ,,
4PERSICO SilviaValcar - Travel & Service ,,
5LE NET MarieFDJ Nouvelle Aquitaine Futuroscope ,,
6DE JONG ThalitaBingoal Casino - Chevalmeire Cycling Teamhttps://www.procyclingstats.com/team/bingoal-casino-chevalmeire-cycling-team-2021 ,,
7KIRCHMANN LeahTeam DSM ,,
8LABOUS JulietteTeam DSM ,,
9SWINKELS KarlijnTeam Jumbo-Visma Women ,,
10DEMEY ValerieLiv Racing

De General:

1NORSGAARD EmmaMovistar Team 6:05:00
2KIRCHMANN LeahTeam DSM 0:14
3CONFALONIERI Maria GiuliaCeratizit-WNT Pro Cycling ,,
4SWINKELS KarlijnTeam Jumbo-Visma Women 0:18
5DE JONG ThalitaBingoal Casino - Chevalmeire Cycling Team 0:20
6KOSTER AnouskaTeam Jumbo-Visma Women ,,
7WINDER RuthTrek-Segafredo Women 0:21
8MAJERUS ChristineSD Worx ,,
9MARKUS RiejanneTeam Jumbo-Visma Women 0:22
10LABOUS JulietteTeam DSM 0:23

Offiziellt Schreiwes vum Christine Majerus

La deuxième et dernière étape du Ceratizit Festival Elsy Jacobs a été remportée aujourd’hui par la danoise Emma Norsgaard déjà victorieuse hier lors de la première étape.

Le Team SD Worx de Christine Majerus aura tout essayé afin d’essayer de fausser compagnie à la leader de la course, mais le peu de coopération des autres équipes avec l’équipe SD Worx n’a malheureusement pas permis d’y arriver.

C’est finalement au sprint une nouvelle fois que la danoise Norsgaard s’impose devant Confalonieri deuxième et Bertizzolo troisième. Christine Majerus qui s’est retrouvée enfermée dans le sprint prend tout de même la onzième place.

Emma Norsgaard (Movistar Team Women) remporte donc logiquement cette édition devant Leah Kirchmann (Team DSM) tandis que Giulia Confalonieri (Ceratizit WNT Pro Cycling Team) complète le podium à la troisième place.

La championne luxembourgeoise termine quant à elle à la septième place du classement général final.

Back to Top
CIM LOGO