Cyclocross26. Plaz fir d'Christine Majerus

RTL Lëtzebuerg
Zu Hoogerheide an Holland gouf um Sonndeg de leschte Weltcup virun der WM zu Dübendorf ausgedroen. D'Victoire goung un d'Lucinda Brand.
© Pressphoto (Archiv)

D’Course zu Hoogerheide war déi lëscht Course virun der WM zu Dübendorf an der Schwäiz a gläichzäiteg och déi lescht Course vum Weltcup. Soumat waren hei all Weltklassefuerer vertrueden.

Mat engem Retard vun 1 Minutt an 42 Sekonnen kënnt d’Christine Majerus op déi 26. Plaz. Gewanne konnt d’Hollänerin Lucinda Brand virun hirer Landsfra Annemarie Worst an dem Sanne Cant aus der Belsch déi just e Réckstand vun 3 respektiv 4 Sekonnen haten.

Bei de Junioren koum de Mats Wenzel mat engem Retard vun 2 Minutten an 23 Sekonnen op déi 32. Plaz. Den Arno Wallenborn hat als 49. e Réckstand vu 4 Minutten an 24 Sekonnen. Den Tom Paquet an de Noé Ury sinn d’Course net op en Enn gefuer.

Back to Top
CIM LOGO