Tour Down Under3. Victoire bannent 6 Deeg fir de Caleb Ewan

RTL Lëtzebuerg
Op der 4. Etapp vum Tour Down Under huet sech den Australier virum Sam Bennett aus Irland an dem Jasper Philipen aus der Belsch duerchgesat.
© AFP (Archiv)

Den Australier Caleb Ewan huet e Freideg de Moie eiser Zäit déi 4. Etapp vum Tour Down Under am Sprint gewonnen. No 152 Kilometer tëscht Norwood a Murray Bridge war de Coureur vun der Ekipp Lotto Soudal virum Sam Bennett aus Irland an dem Jasper Philipen aus der Belsch dee Séiersten. De Ben Gastauer ass als 62. an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner iwwert d’Arrivée gefuer. De Michel Ries huet als 130. knapp 4 Minutte verluer.

De Ewan hat och schonn déi 2. Etapp am Tour Down Under gewonnen.

Leader am General bleift säi Landsmann Richie Porte. Hien huet nach e Virsprong vun 3 Sekonnen op de Südafrikaner Daryl Impey. 2 Etappe viru Schluss läit den Australier Rob Power mat engem Retard vun 8 Sekonnen op der drëtter Plaz. De Ben Gastauer ass den 79. op 6 Minutten a 36 Sekonnen an de Michel Ries den 125. op eng Véierelsstonn.

D’Topp10 vun der 4. Etapp

1 Caleb Ewan (Aus) Lotto Soudal 3:29:08
2 Sam Bennett (Irl) Deceuninck - Quick Step 0:00:00
3 Jasper Philipsen (Bel) UAE Team Emirates 0:00:00
4 André Greipel (GER) Israel Start-Up Nation 0:00:00
5 Alberto Dainese (Ita) Team Sunweb 0:00:00
6 Martin Laas (Est) Bora - Hansgrohe 0:00:00
7 Giacomo Nizzolo (Ita) NTT Pro Cycling Team 0:00:00
8 Erik Baska (Svk) Bora - Hansgrohe 0:00:00
9 Marc Sarreau (Fra) Groupama - FDJ 0:00:00
10 Michael Mørkøv (Den) Deceuninck - Quick Step 0:00:00
...
62 Ben Gastauer (Lux) AG2R La Mondiale 0:00:00
...
130 Michel Ries (Lux) Trek - Segafredo 0:03:58

De General no der 4. Etapp

1 Richie Porte (Aus) Trek - Segafredo 13:39:32
2 Daryl Impey (RSA) Mitchelton - Scott 0:00:03
3 Rob Power (Aus) Team Sunweb 0:00:08
4 Simon Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:00:11
5 George Bennett (NZl) Team Jumbo - Visma 0:00:14
6 Diego Ulissi (Ita) UAE Team Emirates 0:00:15
7 Simon Geschke (GER) CCC Team 0:00:15
8 Rohan Dennis (Aus) Team Ineos 0:00:15
9 Dylan Van Baarle (Ned) Team Ineos 0:00:15
10 Lucas Hamilton (Aus) Mitchelton - Scott 0:00:23
...
79 Ben Gastauer (Lux) AG2R La Mondiale 0:06:36
...
130 Michel Ries (Lux) Trek - Segafredo 0:03:58

Back to Top
CIM LOGO