Zu Iechternach33. Editioun vun der Randonnée Charly Gaul

RTL Lëtzebuerg
Iwwer zwou Distanze konnten d'Vëlossportler sech e Sonndeg op Parcourse mat Depart an Arrivée zu Iechternach moossen.
Randonée Charly Gaul
Wéi eng Schlaang huet sech de Peloton tëschent de Fielse vum Mëllerdall geschlach, op de Stroossen wou de Charly Gaul sech op grouss Coursen preparéiert huet.

Dee klenge Parcours war 100 Kilometer laang an 145 waren der um groussen Tour ze fueren. 2005 hat de Charly Gaul, deen 1958 den Tour de France gewonnen hat, eis fir ëmmer verlooss. Och Joren dono kennt d’Organisatioun vum Conter Veräin nach ëmmer e grousse Succès. Vill Sportler reesen aus dem Ausland op Lëtzebuerg, fir bei La Charly Gaul dobäi ze sinn. De Bern Thill hat sech ënner d’Cycliste gemëscht an ass e puer interessante Perséinlechkeete begéint.

Back to Top
CIM LOGO