No 80 flaache Kilometer geet et sou lues op de Pawee an no ronn 100 Kilometer steet déi éischte Kopp um Programm. Fir de Jempy Drucker kënnt den Tour des Flandres vläicht e bësse fréi. De Coureur vu Cofidis war krank an huet seng Chancen no der Course e Mëttwoch sou ageschat.
De Luc Wirtgen fiert den Tour des Flandres eng 2. Kéier a war d’lescht Joer als 88. ukomm. Fir seng Ekipp geet et drëms, mat an der éischter Echappée vum Dag ze sinn. Eppes, wat net sou evident ass
Am Ganze si 5 Lëtzebuerger an der provisorescher Startlëscht vum Tour des Flandres. Nieft de Gebridder Wirtgen an dem Jempy Drucker ass dat nach de Kevin Geniets a bei den Dammen d’Christine Majerus.
Den Alex Kirsch sollt och un den Depart goen, ma stoung e Samschdeg net méi op der Startlëscht.