Presentatioun5 Lëtzebuergerinnen an der Kontinental-Ekipp vum Andy Schleck

Tom Flammang
Et war eng aussergewéinlech Ekippe-Presentatioun am Büro vun engem Sponsor um Krautmaart. 5 Lëtzebuerger Damme sinn an der Kontinental-Ekipp engagéiert.
Presentatioun Ekipp Andy Schleck
5 Lëtzebuerger Damme sinn an der Kontinental-Ekipp engagéiert.

Si wäerten an deem vum Zéissenger Veräin initiéierte Projet un der Säit vun hiren auslännesche Coequipièrë fueren.

Am Joer 2018 gouf d’Ekipp gegrënnt a krut elo fir 2021 den UCI-Status. Duerch déi gutt Kontakter an den Numm vum Andy Schleck gi verschidden Dieren op, a sou stinn elo fir d’Dammen interessant Courssen um Programm. Déi 20 Damme kënne sech op jiddwer Fall op e spannend Joer freeën.

Kennegeléiert huet ee sech bis elo nach net richteg. D’Covidpandemie dréit weider dozou bäi, datt een improviséiere muss. E grousst Zil wäert de Festival Elsy Jacobs sinn, deen nom Ausfall 2020 dëst Joer tëscht dem 30. Abrëll an dem 2. Mee gefuer gëtt. Bis dee programméiert ass, stinn awer nach vill aner interessant a spannend Coursse um héijem Niveau um Plang.

PDF: Presentatioun vun der Kontinental-Ekipp UCI

Back to Top
CIM LOGO