
E Mëttwoch stoung op der drëtter Etapp vum Tour duerch Katalounien eng Biergetapp an de Pyrenäen um Programm. Den Adam Yates huet sech uewenaus zu Vallter 2000 d’Victoire en solitaire geséchert. De Britt hat no den 203 Kilometer eng Avance vun 13 Sekonnen op den Esteban Chaves an 19 Sekonnen op den Alejandro Valverde.
Am General ass de Yates neie Leader. Hien huet e Virsprong vu 45 Sekonnen op de Richie Porte.
De Ben Gastauer huet op der drëtter Etapp als 82. 10 Minutten an 11 Sekonne verluer, de Michel Ries als 83. och 10 Minutten an 11 Sekonnen an de Bob Jungels als 98. 12 Minutten an 43 Sekonnen. Am General ass de Bob Jungels elo den 106. op 21 Minutten a 54 Sekonnen, de Michel Ries den 110. op 23 Minutten a 7 Sekonnen an de Ben Gastauer den 117. op 25 Minutten a 57 Sekonnen.
1 YATES Adam INEOS Grenadiers 5:00:58
2 CHAVES Esteban Team BikeExchange 0:13
3 VALVERDE Alejandro Movistar Team 0:19
4 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:31
5 VANHOUCKE Harm Lotto Soudal ,,
6 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 0:33
7 CARTHY Hugh EF Education - Nippo ,,
8 WOODS Michael Israel Start-Up Nation 0:36
9 PORTE Richie INEOS Grenadiers ,,
10 CICCONE Giulio Trek - Segafredo ,,
1 6 ▲5 YATES Adam INEOS Grenadiers 9:44:21
2 5 ▲3 PORTE Richie INEOS Grenadiers 0:45
3 1 ▼2 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 0:50
4 8 ▲4 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:53
5 11 ▲6 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 1:03
6 22 ▲16 VALVERDE Alejandro Movistar Team 1:04
7 17 ▲10 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 1:16
8 19 ▲11 YATES Simon Team BikeExchange 1:21
9 49 ▲40 CHAVES Esteban Team BikeExchange ,,
10 34 ▲24 VANHOUCKE Harm Lotto Soudal 1:30