CyclissemAdam Yates wënnt den Tour duerch Katalounien

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp huet sech de Coureur aus Groussbritannien d'Victoire am General net méi huele gelooss.

Zum Ofschloss vun der 100. Editioun vum Tour duerch Katalounien konnt sech op der leschter Etapp mat Depart an Arrivée zu Barcelona den Thomas De Gendt vun der Ekipp Lotto Soudal d’Victoire en solitaire sécheren. De belsche Coureur ass 22 Sekonne virum Matej Mohoric aus Slowenien iwwert d’Arrivée gefuer.

Am General ass et den Adam Yates vun INEOS, deen um Enn vum Tour ganz uewen am Klassement steet. Mat engem Retard vu 45 Sekonne ass de Richie Porte den Zweete ginn, de Geraint Thomas komplettéiert de Podium als Drëtten.

Mat der 59. Plaz gëtt de Bob Jungels de beschte Lëtzebuerger. De Michel Ries an de Ben Gastauer stinn zum Schluss op der 63. an der 75. Plaz.

D’Top10

1 Thomas De Gendt (Bel) Lotto Soudal 3:06:10
2 Matej Mohoric (Slo) Bahrain Victorious 0:00:22
3 Attila Valter (Hun) Groupama - FDJ 0:01:42
4 Sébastien Reichenbach (SUI) Groupama - FDJ 0:01:46
5 Alejandro Valverde Belmonte (Esp) Movistar Team 0:01:46
6 Michael Woods (Can) Israel Start-Up Nation 0:01:46
7 Marc Hirschi (SUI) Team DSM 0:01:46
8 João Almeida (Por) Deceuninck - Quick-Step 0:01:46
9 Adam Yates (GBr) INEOS Grenadiers 0:01:46
10 Clément Champoussin (Fra) AG2R Citroën Team 0:01:46

65 Ben Gastauer (Lux) AG2R Citroën Team 0:05:06

82 Bob Jungels (Lux) AG2R Citroën Team 0:06:10

91 Michel Ries (Lux) Trek - Segafredo 0:09:03

De General

1 Adam Yates (GBr) INEOS Grenadiers 26:16:41
2 Richie Porte (Aus) INEOS Grenadiers 0:00:45
3 Geraint Thomas (GBr) INEOS Grenadiers 0:00:49
4 Alejandro Valverde Belmonte (Esp) Movistar Team 0:01:03
5 Wilco Kelderman (Ned) BORA - hansgrohe 0:01:03
6 Johan Esteban Chaves Rubio (Col) Team BikeExchange 0:01:04
7 João Almeida (Por) Deceuninck - Quick-Step 0:01:05
8 Hugh Carthy (GBr) EF Education - Nippo 0:01:20
9 Simon Yates (GBr) Team BikeExchange 0:01:32
10 Lucas Hamilton (Aus) Team BikeExchange 0:01:35

59 Bob Jungels (Lux) AG2R Citroën Team 0:41:16

63 Michel Ries (Lux) Trek - Segafredo 0:42:43

75 Ben Gastauer (Lux) AG2R Citroën Team 0:49:57

Back to Top
CIM LOGO