Lescht Etapp fir Joao AlmeidaAdam Yates wënnt d'Tour de Suisse

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass op der leschter Etapp vun der Tour de Suisse, engem Eenzelzäitfueren iwwer 15 Kilometer, d'Decisioun ëm d'Schlussvictoire gefall.
© AFP

Den Adam Yates huet déi 87. Editioun vun der Tour de Suisse gewonnen. Den 31 Joer ale Britt huet um leschten Dag beim Biergzäitfuere seng Féierung am General verdeedegt a sech um Enn mat enger Avance vun 22 Sekonne virum Joao Almeida behaapt.

De Portugis ass op der leschter Etapp déi séiersten Zäit géint d’Auer gefuer a konnt sech mat enger Avance vun 9 Sekonnen op den Adam Yates d’Etappevictoire sécheren. Op déi drëtt Plaz ass den Dän Mattias Skjelmose gefuer. Hien hat e Retard vun 21 Sekonnen. Fir hien ass et och déi drëtt Plaz am General.

De Luc Wirtgen ass um leschten Dag den 114. op ronn 6 Minutte ginn. Am General kënnt hie mat engem Retard vu ronn enger Stonn op déi 99. Plaz.

D’Klassement vun der Etapp

1 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:33:23
2 YATES Adam UAE Team Emirates 0:09
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:21
4 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 0:38
5 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 0:51
6 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 0:56
7 SÁNCHEZ Pelayo Movistar Team 1:22
8 DE LA CRUZ David Q36.5 Pro Cycling Team 1:26
9 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 1:30
10 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 1:41
...
114 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 6:06

D’Schlussklassement

1 YATES Adam UAE Team Emirates 20:18:49
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:22
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 3:02
4 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 3:12
5 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 3:31
6 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 4:36
7 MAS Enric Movistar Team 5:01
8 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 5:40
9 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 6:31
10 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 6:35
...
99 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 1:10:02

Back to Top
CIM LOGO