Tour de France: 2. EtappAlaphilippe gewënnt an ass och neie Leader am General

RTL Lëtzebuerg
Op ganz spannende leschte Kilometer ka sech de Fransous am Schlusssprint géint de Marc Hirschi duerchsetzen.  
De Journal du Tour vun der 2. Etapp
Um zweeten Dag vum Tour de France huet sech de Julian Alaphilippe d’Victoire geséchert an ass den neie Leader am General.

5. Etappevictoire fir den Alaphilippe am Tour de France, an dat virum Schwäizer Marc Hirschi. De Lëtzebuerger Bob Jungels fiert eng staark Course, an huet am leschte Col vill Aarbecht fir säi Coequipier geleescht. Um Enn fiert de Bob Jungels als 60. iwwert d’Linn mat engem Retard vu 7 Minutten an 2 Sekonnen.

De Gewënner vun e Samschdeg, Alexander Kristoff, huet wéi erwaart vill Zäit verluer an huet säi Maillot Jaune domat un den Etappegewënner Alaphilippe missen ofginn. De Bob Jungels ass am General de 60. op ronn 7 Minutten.

Schonns virun der 2. Etapp um Sonndeg de Mëtteg huet mam Ex-Weltmeeschter Philippe Gilbert ee vun de Favoritten op d’Etappevictoire missen op den Depart no senger Chutte vun e Samschdeg verzichten.

De Resumé

Bei vill bessere Wiederkonditioune wéi nach um Optakt vum Tour, hu sech direkt an deenen éischte km 10 Coureure vum Peloton ofgesat. Ënnert hinnen de Peter Sagan, Matteo Trentin an den dänesche Meeschter Kasper Asgreen. Mat ronn 3 Minutte Virsprong ass et fir d’Spëtzegrupp an den 1 Col vum Dag gaangen. De Benoit Cosnefroy konnt sech uewen aus vum Col de la Colmiane 10 Punkten am Kampf em de Maillot à Pois sécheren.

Eng 100 km virun der Arrivée hu sech d’Cyclisten du missen e weidere Bierg vun der 1. Kategorie erop kämpfen, de Col de Turin. De Maillot Jaune Alexander Kristoff huet an der Montée misse lass loossen an huet op der weiderer Etapp ëmmer méi un Zäit verluer. Uewen eraus war et dunn den Anthony Perez, dee sech déi 10 Punkte fir de Maillot à Pois konnte sécheren. Am Peloton ass et weiderhi roueg vu sech gaangen, d’Ekipp Jumbo-Visma huet den Tempo kontrolléiert.

Kuerz virun der leschter Schwieregkeet vum Dag, dem Col des Quatre Chemins, huet Deceuninck-Quick-Step fir den Tempo gesuergt, dat virun allem fir den Alaphilippe. D’Echappée war zu deem Zäitpunkt schonns ageholl ginn, an d’Favoritten hu sech belauert. Nodeems de Bob Jungels ferm fir Tempo gesuergt huet, war et säi Coequipier Alaphilippe deen attackéiert huet.

Eenzeg den Adam Yates an de Marc Hirschi hu bei den Alaphilippe konnten opschléissen. Zu 3 si se op d’Ligne d’Arrivée komm, wou Coureure mat staarkem Géigewand ze kämpfen haten. D’Attack vum Alaphilippe ass komm an de Fransous konnt sech um Enn d’Etappevictoire sécheren. Mat dëser Victoire ass de Fransous elo och de Leader am General.

De Bob Jungels ass als 60. op ronn 7 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer. Am General ass de Lëtzebuerger elo och de 60.

D’Top10

1 JULIAN ALAPHILIPPE ( DECEUNINCK - QUICK - STEP ) 04h 55' 27'’
2 MARC HIRSCHI ( TEAM SUNWEB ) + 00h 00' 00'’
3 ADAM YATES ( MITCHELTON - SCOTT ) + 00h 00' 01'’
4 GREG VAN AVERMAET ( CCC TEAM ) + 00h 00' 02'’
5 SERGIO ANDRES HIGUITA ( EF PRO CYCLING ) + 00h 00' 02'’
6 BAUKE MOLLEMA ( TREK - SEGAFREDO ) + 00h 00' 02'’
7 ALEXEY LUTSENKO ( ASTANA PRO TEAM ) + 00h 00' 02'’
8 TADEJ POGACAR ( UAE TEAM EMIRATES ) + 00h 00' 02'’
9 MAXIMILIAN SCHACHMANN ( BORA - HANSGROHE ) + 00h 00' 02'’
10 ALBERTO BETTIOL ( EF PRO CYCLING ) + 00h 00' 02'’

De General

1 JULIAN ALAPHILIPPE (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 8:41:35
2 ADAM YATES (MITCHELTON - SCOTT) 0:00:04
3 MARC HIRSCHI (TEAM SUNWEB) 0:00:07
4 SERGIO ANDRES HIGUITA (EF PRO CYCLING) 0:00:17
5 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) 0:00:17
6 ESTEBAN CHAVES (MITCHELTON - SCOTT) 0:00:17
7 DAVIDE FORMOLO (UAE TEAM EMIRATES) 0:00:17
8 EGAN BERNAL (INEOS GRENADIERS) 0:00:17
9 RICHARD CARAPAZ (INEOS GRENADIERS) 0:00:17
10 TOM DUMOULIN (TEAM JUMBO - VISMA) 0:00:17

Back to Top
CIM LOGO