E Freideg konnt sech de Spuenier Alejandro Valverde géint déi aner Coureuren am Schlusssprint duerchsetzen. Op d’Plazen zwee an dräi koumen de Britt Tao Hart Geoghegan an den Éisträicher Patrick Konrad mat der selwechter Zäit wéi de Gewënner. D’Lëtzebuerger Coureure Michel Ries a Kevin Geniets hunn et op d’Plazen 33 an 53 gepackt mat engem Réckstand vun 2 Minutten an 18 Sekonnen, respektiv 6 Minutten an 29 Sekonnen.
Am General ass den Alexey Lutsenko elo den neie Leader. Hien huet e Virsprong vun 8 Sekonnen op den Ion Izagirre an eng Avance vun 12 Sekonnen op de Wilco Kelderman. De Michel Ries ass elo 89. mat 28 Minutten a 56 Sekonne Retard op de Lutsenko. De Kevin Geniets ass den 98. op 34 Minutten a 7 Sekonnen.
1 VALVERDE Alejandro Movistar Team 3:52:53
2 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers ,,
3 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe ,,
4 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe ,,
5 MAS Enric Movistar Team ,,
6 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma ,,
7 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech ,,
8 HAIG Jack Bahrain - Victorious ,,
9 HERMANS Ben Israel Start-Up Nation ,,
10 KRUIJSWIJK Steven Team Jumbo-Visma ,,
...
33 RIES Michel Trek - Segafredo 2:18
53 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 6:29
1 2 ▲1 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 20:52:16
2 4 ▲2 IZAGIRRE Ion Astana - Premier Tech 0:08
3 5 ▲2 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 0:12
4 6 ▲2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:13
5 7 ▲2 VAN WILDER Ilan Team DSM ,,
6 8 ▲2 PORTE Richie INEOS Grenadiers 0:15
7 9 ▲2 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe 0:27
8 11 ▲3 HAIG Jack Bahrain - Victorious 0:34
9 13 ▲4 KRUIJSWIJK Steven Team Jumbo-Visma 0:39
10 14 ▲4 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 0:42
...
89 111 ▲22 RIES Michel Trek - Segafredo 28:56
98 112 ▲14 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 34:07