Nodeems den Bob Jungels e Mëttwoch schonn am Zäitfuere gefuer ass, fléien déi aner 3 e Freideg an England. Den Alex Kirsch, dee virun kuerzem mat der Vuelta seng éischten Etappe-Course iwwer 3 Wochen op en Enn gefuer ass, freet sech op deen Rendezvous.
Vill bleift am Moment net méi ze maachen an déi lescht Preparative sinn um Lafen. En Donneschdeg hat den Alex Kirsch nach en Training vu 4 Stonnen um Programm, dono stoung Raschten an e bësse méi spéit nach eng Visitt beim Osteopath um Programm. Mat de Live-Biller vun der Junior-Course huet de Coureur sech schonn e Sonndeg agestëmmt.
De Parcours zu Harrogate huet Klassiker-Flair a verlaangt de Cycliste vill Konzentratioun of. No deem Circuit ronderëm Innsbruck am leschte Joer, wou staark Biergfuerer vir waren, kann ee sech dëst Joer op eng oppe Course, mat de Wiederkonditiounen als ee vun den entscheedende Faktoren, astellen.
Ben Gastauer, Tom Wirtgen, Bob Jungels heeschen déi aner vun der FSCL nominéiert Coureuren, déi e Sonndeg fir Lëtzebuerg um Depart stinn, taktesch Iwwerleeunge goufen et bis elo nach keng.
De Favorittekrees bei de Männer ass grouss an d’Dagesform entscheedend. E Freideg ass et un den Espoirs-Coureuren, éier Dir bei eis souwuel d’Dammen-Course e Samschdeg Mëtteg an déi vun den Hären e Sonndeg live vun 3 Auer u bei eis kënnt kucken.