Bis 2025Alex Kirsch verlängert säi Kontrakt bei der Ekipp Lidl-Trek

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Cyclissem ass et d'Confirmatioun, dass den Alex Kirsch säi Kontrakt bei der Ekipp Lidl-Trek bis 2025 verlängert huet.
© AFP

An engem Schreiwes vum Team gëtt den haut 31 Joer ale Lëtzebuerger zitéiert, dass hie ganz glécklech wier, haaptsächlech an der Roll als Ufuerer fir de Sprinter Mads Pedersen.

Zesumme mam Alex Kirsch hunn och 4 weider aktuell Coureuren hir Kontrakter bei der amerikanescher Ekipp verlängert.

Back to Top
CIM LOGO