RTL Zwee Sport ClassicsAm Sprint: Kim Kirchen gewënnt déi éischte Sport Classics!
Dir hutt ofgestëmmt, d’Course huet sech um Enn op der leschter „Ligne droite“ entscheet:
- 38% vun Iech wëllen nach eemol déi spektakulär Victoire vum Kirchen 2008 an der Flèche Wallonne erliewen
- 34% hu fir dem Andy Schleck seng Arrivée „en solitaire“ 2009 bei Léck-Baaschtnech-Léck ofgestëmmt.
RTL ZWEE huet dofir béid Sportklassiker fir déi nächst zwee Sonndeger programméiert:
- Sonndeg 29. Mäerz 13:00, Sport Classics „Flèche Wallonne 2008, 1. Kim Kirchen“
- Sonndeg 5. Abrëll 13:00, Sport Classics „Léck-Baaschtnech-Léck 2009, 1. Andy Schleck“