Am Podcast vum Lance ArmstrongAndy Schleck schwätzt iwwert seng Victoire bei Léck-Baaschtnech-Léck

RTL Lëtzebuerg
2009 konnt de Lëtzebuerger sech beim Klassiker hei vir an der Belsch duerchsetzen.

Den Andy Schleck war e Samschdeg Invité beim Lance Armstrong sengem Video-Podcast op Facebook, deen e Sonndeg publizéiert gouf. An der Emissioun ass et ënnert anerem ëm déi legendär Victoire vu Léck-Baaschtnech-Léck 2009 vum Andy Schleck gaangen.

De President vum Tour de Luxembourg sot awer och, datt hien net dovun ausgeet, datt den Tour de France Enn August an am September ka gefuer ginn. Dat géif deemno matsechbréngen, datt et am Profi Cyclissem 2021 ee ganz schwéiert Joer géif ginn.

Dem Andy Schleck no wier et awer och vläicht un der Zäit, datt aner Coursen méi Opmierksamkeet kréien, wéi just d’Grande Boucle.

De Lance Armstrong sot a senger Emissioun, datt ouni Tour de France senger Meenung no just maximal 4 Ekippen et am Cyclissem finanziell packen.

Back to Top
CIM LOGO