
D’Claire Faber goung als eenzeg Lëtzebuergerin un den Depart vun de knapps 32 Kilometer. Um Enn war et fir si déi 28. Plaz mat engem Retard vun 3 Minutten a 45 Sekonnen.
Gewonnen huet d’Hollännerin Anna van der Breggen, déi sech déi 3 Joer virdru jeeweils mat Sëlwer huet missen zefridde ginn. Um Enn hat d’van der Breggen eng Avance vu knapp 15 Sekonnen op d’Marlen Reusser aus der Schwäiz a vun 31 Sekonnen op hir Landsfra Ellen van Dijk.
D’Titelverdeedegerin Chloe Dygert aus den USA war gutt an der Course a war bei der éischter Tëschenzäit och iwwer 30 Sekonne virun der spéiderer Gewënnerin, ma ënnerwee ass d’Amerikanerin an enger Kéier iwwer d’Leitplanke geflunn a war esou aus der Course.