Tour des Alpes Maritimes et du VarAthony Perez setzt sech duerch, Centrone beschte Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
No der éischter Etapp vun der Course ka sech de franséische Coureur vu Cofidis de Maillot vum Leader undoen.
Den Anthony Perez beim Tour de Luxembourg 2019
Den Anthony Perez beim Tour de Luxembourg 2019
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

Hie koum mat enger Zäit vu 4 Stonnen, 54 Minutten an 3 Sekonnen iwwert d’Arrivée an hat domadder 2 Sekonne Virsprong op säi Landsmann Anthony Turgis. D’Plaz 3 war fir den Australier Michael Storer.

Beschte Lëtzebuerger gouf den Ivan Centrone, deen als 36. mat iwwer 1 Minutt Retard ukoum. Op 5 Minutten an 8 Sekonne fiert den Alex Kirsch iwwert d’Arrivée, dat als 71. Just 6 Plazen awer dräi Minutte méi spéit war et och fir de Michel Ries gedoen. Bal 12 Minutte Réckstand hat de Ben Gastauer, deen den 98. gouf. 18 an eng hallef Minutt war et du fir den Tom Wirtgen, deen als 106 iwwert d’Arrivée koum.

Back to Top
CIM LOGO