Tour de FranceBei 2 positive Corona-Fäll gëtt d'Team disqualifizéiert

RTL Lëtzebuerg
Bei dësem Reglement sinn net nëmmen d'Coureure vun enger Ekipp gemengt, ma och de ganze "Staff" ronderëm si.
© AFP

D’Organisateure vum Tour de France hunn um Freideg bekannt ginn, wéi eng Preventioune géint de Coronavirus geholl goufen.

Esou muss all Cyclist zwee PCR-Tester maache virum Optakt a wäert och wärend dem Tour weider Tester maache mussen. Donieft mussen all d’Participanten ee PCR-Test op béide Roudeeg - de 7. a 14. September - maachen. Am Fall, wou ee Cyclist virum Optakt positiv getest gëtt, dierf d’Team dësen ersetzen. Wärend der Course geet dat awer net.

All Cyclist, dee sech wärend der Course infizéiert, muss d’Course verloossen. Am Fall wou zwee Membere vun engem Team bannent 7 Deeg positiv getest ginn, gëtt déi ganz Ekipp ausgeschloss.

Am Ganze ginn 28 Ekippen un den Depart vum Tour de France, mat jeeweils aacht Cyclisten a 25 bis 30 “Staff"-Memberen.

Back to Top
CIM LOGO