Giro d'Italia: 8. EtappBen Gastauer brécht sech d'Schlësselbeen a muss opginn

RTL Lëtzebuerg
Den Alex Dowsett huet iwwerdeems d'Etapp gewonnen. Hien ass mat engem Virsprong vun 1 Minutt a 15 Sekonnen op de Salvatore Puccio iwwert d'Arrivée gefuer.
© pressphoto (Archiv)

E Samschdeg ass et op der 8. Etapp vum Giro d’Italia iwwer 200 Kilometer vun Giovinazzi op Vieste gaangen. Dobäi konnt sech zum Schluss den Alex Dowsett ofsetzen a sech mat engem Virsprong vun iwwert enger Minutt d’Etappevictoire sécheren. Op déi zweete Plaz ass den Italiener Salvatore Puccio virum Matthew Holmes aus Groussbritannien komm.

Leader am General bleift de Joao Almeida.

De Ben Gastauer huet sech no enger Chute d’Schlësselbee gebrach an huet doropshi missen opginn.

D’Top10

1 DOWSETT Alex (GBR) ISRAEL START - UP NATION 4:50:09
2 PUCCIO Salvatore (ITA) INEOS GRENADIERS 0:01:15
3 HOLMES Matthew (GBR) LOTTO SOUDAL 0:01:15
4 ROSSKOPF Joseph (USA) CCC TEAM 0:01:15
5 BRÄNDLE Matthias (AUT) ISRAEL START - UP NATION 0:02:10
6 RAVANELLI Simone (ITA) ANDRONI GIOCATTOLI - SIDERMEC 0:02:13
7 MATTHEWS Michael (AUS) TEAM SUNWEB 0:13:56
8 GAVIRIA RENDON Fernando (COL) UAE TEAM EMIRATES 0:13:56
9 BJERG Mikkel (DEN) UAE TEAM EMIRATES 0:13:56
10 VENDRAME Andrea (ITA) AG2R LA MONDIALE 0:13:56

De General

1 ALMEIDA João (POR) DECEUNINCK - QUICK - STEP 29:52:34
2 BILBAO LOPEZ DE ARMENTIA Pello (ESP) BAHRAIN - MCLAREN 0:00:43
3 KELDERMAN Wilco (NED) TEAM SUNWEB 0:00:48
4 VANHOUCKE Harm (BEL) LOTTO SOUDAL 0:00:59
5 NIBALI Vincenzo (ITA) TREK - SEGAFREDO 0:01:01
6 POZZOVIVO Domenico (ITA) NTT PRO CYCLING 0:01:05
7 FUGLSANG Jakob (DEN) ASTANA PRO TEAM 0:01:19
8 KRUIJSWIJK Steven (NED) JUMBO - VISMA 0:01:21
9 KONRAD Patrick (AUT) BORA - HANSGROHE 0:01:26
10 MAJKA Rafal (POL) BORA - HANSGROHE 0:01:32

Back to Top
CIM LOGO