Paris-Nice: 4. EtappBob Jungels kënnt bei Victoire vu Kragh Andersen op 12. Plaz

Tom Flammang
E Mëttwoch stoung bei der Etappe-Course Paris-Nice e Contre-la-montre iwwer 15,1 Kilometer ronderëm Saint-Amand-Montrond um Programm.
© AFP

De Sören Kragh Andersen aus Dänemark war e Mëttwoch dee Séiersten. De Coureur vun der Ekipp Sunweb gewënnt de Contre-la-montre mat 5 Sekonnen Avance op de Maximilian Schachmann, deen domat weiderhi Leader am General bleift. Déi drëtte Plaz war fir de Kasper Asgreen. Aus Lëtzebuerger Siicht kënnt de Bob Jungels op déi 12. Plaz mat engem Retard vun 33 Sekonnen op de Gewënner. De Jempy Drucker kënnt op d’Plaz 70 mat engem Retard vun 1 Minutt an 33 Sekonnen an den Alex Kirsch gëtt den 73. op 1 Minutt a 37 Sekonnen.

Am General huet de Schachmann elo eng Avance vun 58 Sekonnen op de Sören Kragh Andersen an 1 Minutt an 1 Sekonn op säin Teamkomerod Felix Grossschartner. De Bob Jungels ass elo de 37. op 5 Minutten an 1 Sekonn, de Jempy Drucker den 62. op 10 Minutten a 16 Sekonnen an den Alex Kirsch den 103. op 21 Minutten an 19 Sekonnen.

Resumé Paris-Nice 4. Etapp
E Mëttwoch stoung bei der Etappe-Course Paris-Nice e Contre-la-montre iwwer 15,1 Kilometer ronderëm Saint-Amand-Montrond um Programm.

Top 10 vun der 4. Etapp

1 SØREN KRAGH ANDERSEN (TEAM SUNWEB) 00H 18' 51'’
2 MAXIMILIAN SCHACHMANN (BORA - HANSGROHE) + 00H 00' 06'’
3 KASPER ASGREEN (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00H 00' 12'’
4 THOMAS DE GENDT (LOTTO SOUDAL) + 00H 00' 13'’
5 PELLO BILBAO LOPEZ DE ARMENTIA (BAHRAIN - MCLAREN) + 00H 00' 15'’
6 VICTOR CAMPENAERTS (NTT PRO CYCLING TEAM) + 00H 00' 17'’
7 MICHAEL MATTHEWS (TEAM SUNWEB) + 00H 00' 18'’
8 STEFAN KÜNG (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 26'’
9 TOBIAS LUDVIGSSON (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 27'’
10 G LAWSON CRADDOCK (EF PRO CYCLING) + 00H 00' 29'’

De General no der 4. Etapp

Back to Top
CIM LOGO