CyclissemBob Jungels vun Deceuninck-Quick Step bei AG2R? Nach näischt ënnerschriwwen!

RTL Lëtzebuerg
Wéi verschidden auslännesch Medie mellen, géif de Bob Jungels bei AG2R La Mondiale wiesselen, do wou och de Ben Gastauer ënner Kontrakt steet.
© RTL-Archiv

AG2R géif op der anerer Säit hir Nummer 1, de Romain Bardet verléieren, dee bei Sunweb soll wiesselen. Dofir kéime wéi gesot de Bob Jungels (Deceuninck) an de Greg Van Avermaet (CCC) bei AG2R La Mondiale, déi d’nächst Saison AG2R - Citroën heeschen.

RTL-Informatiounen no ass awer nach näischt ënnerschriwwen. De Lëtzebuerger Champion ass och nach ëmmer bei aneren Ekippen am Gespréich.

Back to Top
CIM LOGO