Etoile de BessègesBrunel wënnt 1. Etapp, Kirsch a Geniets op de Plaze 4 a 6

RTL Lëtzebuerg
Op der éischter Etapp mat Depart an Arrivée zu Bellegarde stoungen e Mëttwoch 141 Kilometer um Programm.
© twitter

Et war eng onroueg Etapp, wou sech an der Ufanksphas dräi Coureuren un d’Spëtzt setze konnten. Allerdéngs war den Tempo am Peloton immens héich an esou si si ronn 90 Kilometer virun der Arrivée nees ageholl ginn.

Opgrond vum staarke Wand sinn am Peloton ëmmer nees Cassuren entstanen. Vir un der Spëtzt war elo e Grupp mat ronn 40 Coureuren, dorënner och de Lëtzebuerger Kevin Geniets. Um Wee Richtung Arrivée ass de Lëtzebuerger Cyclist dann och 2. bei engem Biergpräis a bei engem Zwëschesprint ginn.

Knapp 4 Kilometer virun der Arrivée koum dunn eng Attack vum Alexys Brunel. De Coureur vu Groupama-FDJ sollt bis zum Enn vun der Etapp net méi ageholl ginn a kann esou déi éischt Etapp gewannen. Den Alex Kirsch kënnt op déi gutt 4. Plaz op 5 Sekonnen an de Kevin Geniets op déi 6. Plaz op 8 Sekonnen. De Luc Wirtgen gëtt den 113. op 7 Minutten a 22 Sekonnen.

Am General huet de Brunel dann eng Avance vun 3 Sekonnen op de Benoît Cosnefroy an 10 Sekonnen op den Edward Planckaert. Den Alex Kirsch ass hei de Véierten op 16 Sekonnen an de Kevin Geniets de 5. op 17 Sekonnen. Hei ass de Luc Wirtgen den 113. op 7 Minutten an 33 Sekonnen.

No der gudder Leeschtung vu Kirsch a Geniets op de Plaze 4 a 5, stinn en Donneschdeg156 Kilometer tëscht Milhaud a Poulx um Programm. D’Ekipp vum Kevin Geniets huet dobäi de Leadertrikot vum Alexys Brunel ze verdeedegen. Kuerz virun der Arrivée steet nach e Bierg vun der 2. Kategorie um Programm, deen déi 2 Lëtzebuerger an der aktueller Form normalerweis mat deene beschte misste passéieren. Am Generalklassement hunn den Alex Kirsch an de Kevin Geniets 16, respektiv 17 Sekonne Retard.

D’Course dauert bis e Sonndeg a geet mat engem Zäitfueren iwwer 10 Kilometer op en Enn.

D’Resultat vun der Etapp

1 Alexys BRUNEL (Groupama-FDJ) an 3h20'43'’
2 Benoît COSNEFROY (AG2R La Mondiale) 1'’
3 Edward PLANCKAERT (Sport Vlaanderen-Baloise) 3'’
4 Alex KIRSCH (Trek-Segafredo) 5'’
5 Scott THWAITES (Alpecin-Fenix) 8'’
6 Kevin GENIETS (Groupama-FDJ)
7 Sean DE BIE (Bingoal-Wallonie-Bruxelles)
8 Gijs VAN HOECKE (CCC Team)
8 Lionel TAMINIAUX (Bingoal-Wallonie-Bruxelles)
10 Lilian CALMEJANE (Total Direct Energie) 11'’

Back to Top
CIM LOGO