
Bei der 41. Editioun vum Tour de Wallonie si mam Tom Wirtgen (Bingoal) a Kevin Geniets (Groupama FDJ) och 2 Lëtzebuerger um Depart. Béid Coureuren haten e Sonndeg näischt mam Ausgang vun der 1. Etapp ze dinn.
Déi konnt sech nämlech den Australieer Caleb Ewan am Sprint sécheren. De Podium komplettéiert hunn de Sam Bennett op der 2. Positioun an den Drëtten, de belsche Champion, den Tim Merlier.
Vun de Lëtzebuerger an der Course läit nach kee Resultat vir.1 Ewan Caleb Lotto Soudal 4:18:16
2 Bennett Sam Deceuninck - Quick Step ,,
3 Merlier Tim Alpecin-Fenix ,,
4 de Kleijn Arvid Riwal Readynez Cycling Team ,,
5 Bouhanni Nacer Team Arkéa Samsic ,,
6 Einhorn Itamar Israel Start-Up Nation ,,
7 Démare Arnaud Groupama - FDJ ,,
8 Peñalver Manuel Burgos-BH ,,
9 Dillier Silvan AG2R La Mondiale ,,
10 Venturini Clément AG2R La Mondiale ,,