Nodeems de Jérôme Cousin laang eleng un der Spëtzt war, koum et um Enn zu engem Massesprint, wou de Caleb Ewan sech konnt duerchsetzen. De Sam Bennett an den Giacomo Nizzolo hunn de Podium komplettéiert. De Bob Jungels ass als 115. an der nämmlechter Zäit ewéi de Gewënner iwwer d’Arrivée gefuer.
Am General bleift de Julian Alaphilippe de Leader, dat virum Adam Yates an dem Marcel Hirschi. Hei ass de Bob Jungels de 58. op 7 Minutten a 17 Sekonnen.
De Peter Sagan huet iwwerdeems d’Féierung an der Sprintwäertung iwwerholl.
Direkt nom Depart huet de Jérôme Cousin aus dem Peloton attackéiert, mat him sinn den Anthony Perez, de Benoît Cosnefroy an den Oliver Naesen fortgefuer. D’Spëtzequartett konnt seng Avance och séier ausbauen, ma den Oliver Naesen huet sech dunn nees zeréckfale gelooss. et waren also dräi Leit un der Spëtzt, dobäi de Perez an de Cosnefroy, déi an der Biergwäertung punktgläich virop waren zu deem Ament. Et war den Anthony Perez, dee sech op den zwee éischte Bierger vun den drëtter Kategorie konnt duerchsetzen, esou dass dësen de Maillot vum beschte Grimpeur vum Cosnefroy iwwerhëlt. Doropshin hunn och si Tempo erausgeholl an esou war de Jérôme Cousin elo eleng un der Spëtzt.
Ronn 80 Kilometer virun der Arrivée hat de Coureur vun der Ekipp Total Direct Energie eng Avance vu knapp 4 Minutten.
An der Descente vum Col de Lèques, dem drëtte Col vum Dag, ass den Anthony Perez du gefall an huet sech d’Schlësselbee gebrach. An der Suite huet hie missen opginn, esou dass de Biergtrikot op de Schëller vum Benoît Cosnefroy bleift.
Knapp 16 Kilometer virun der Arrivée ass de Cousin du vum Peloton ageholl ginn, esou dass et um Enn op e Massesprint erausgelaf ass.
Hei war de Caleb Ewan dee Séiersten, dat virum Sam Bennett an dem Giacomo Nizzolo.
1 CALEB EWAN (LOTTO SOUDAL) 5:17:42
2 SAM BENNETT (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 0:00:00
3 GIACOMO NIZZOLO (NTT PRO CYCLING TEAM) 0:00:00
4 HUGO HOFSTETTER (ISRAEL START-UP NATION) 0:00:00
5 PETER SAGAN (BORA - HANSGROHE) 0:00:00
6 EDWARD THEUNS (TREK - SEGAFREDO) 0:00:00
7 CEES BOL (TEAM SUNWEB) 0:00:00
8 MATTEO TRENTIN (CCC TEAM) 0:00:00
9 BRYAN COQUARD (B&B HOTELS - VITAL CONCEPT P / B KTM) 0:00:00
10 NICCOLÒ BONIFAZIO (TOTAL DIRECT ENERGIE) 0:00:00
...
115 BOB JUNGELS (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 0:00:00
1 Julian ALAPHILIPPE JULIAN ALAPHILIPPE (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 13:59:17
2 Adam YATES ADAM YATES (MITCHELTON - SCOTT) 0:00:04
3 Marc HIRSCHI MARC HIRSCHI (TEAM SUNWEB) 0:00:07
4 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) 0:00:17
5 DAVIDE FORMOLO (UAE TEAM EMIRATES) 0:00:17
6 EGAN BERNAL (INEOS GRENADIERS) 0:00:17
7 TOM DUMOULIN (TEAM JUMBO - VISMA) 0:00:17
8 SERGIO ANDRES HIGUITA (EF PRO CYCLING) 0:00:17
9 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) 0:00:17
10 ESTEBAN CHAVES (MITCHELTON - SCOTT) 0:00:17
...
58 BOB JUNGELS (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 0:07:17