
Op der 15. Etapp vum Giro d’Italia gouf et Sonndeg no 219 Kilometer eng Victoire en solitaire fir de Carlos Verona. De Spuenier war op der Arrivée zu Asiago mat engem Ecart vun 22 Sekonnen op den Däitsche Florian Stork ukomm. De Podium komplettéiert huet kuerz dono de Christian Scaroni aus Italien.
De Kevin Geniets ass dobäi mat engem Retard vun 10:54 Minutten als 48. iwwert d’Arrivée gefuer
Am General bleift d’Klassement un der Spëtzt ouni Ännerung. De Mexikaner Isaac del Toro steet weider 1:20 Minutt virum Simon Yates an 1:26 Minutt virum Juan Ayuso.
E Méindeg steet de leschte Roudag vum Tour um Programm, éier et an déi lescht sechs Etappe geet.
Den Giulio Ciccone war beim Depart zu YYY net ze gesinn. Den Italiener war e Samschdeg op der 14. Etapp an eng Chute verwéckelt a war doropshin och mat engem Retard vun iwwer 16 Minutten op der Arrivée ukomm. An der éischter Hallschent vun der Course waren et vill vereenzelt Attacke ginn, déi awer ëmmer nees vum Peloton agefaange goufen. De Peloton huet sech mat der Zäit an d’Längt gezunn, sou datt e puer gréisser Gruppe entstane sinn. 50 Kilometer virun der Arrivée huet sech un der Spëtzt e Grupp vun enger knapper Dose Coureuren forméiert, déi eng gutt Minutt Virsprong op de Peloton mam Leader Isaac Del Toro hat. Bei der leschter grousser Montée huet dann de Carlos Verona mat Succès eng Attack lancéiert a sech eleng un d’Spëtzt ofgesat. Hei konnt de Spuenier sech bis zum Schluss halen an um Enn en solitaire d’Etappevictoire feieren.
48. GENIETS Kevin 10:54