
Iwwer 213 km ass et fir d’Coureuren vun Chartres op Tours/Avenue de Grammont gaangen an op dëser laanger Distanz hunn e puer kleng Koppen a Schotterstroossen op d’Coureuren gewaart an déi maachen dës Course natierlech extra schwéier.
Iwwert de Gros vun der Course waren Ausräisser un der Spëtzt vun der Course ënnerwee mee de Virsprong war an de leschte 40 km ni méi grouss wéi 1 Minutt. Allerdéngs hunn de Benoît Cosnedroy (AG2R-La Mondiale) an de Casper Pedersen (Sunweb) un der Spëtzt awer staark resistéiert an hunn et ë.a. dem Bardet (AG2R) an dem Barguil (Arkea-Samsic) hannendru schwéier gemaach fir nees erunzekommen.
Sou konnt dann och kee méi déi zwee anhuelen an et war de Pedersen dee sech am Sprint géint de Cosnefroy duerchsetze konnt.
De Luc Wirtgen koum mat engem Retard vun 2 Minutten an 18 Sekonnen op déi 30. Plaz.
1 CASPER PHILLIP PEDERSEN (TEAM SUNWEB) 04H 51' 44'’
2 BENOIT COSNEFROY (AG2R LA MONDIALE) + 00H 00' 00'’
3 JORIS NIEUWENHUIS (TEAM SUNWEB) + 00H 00' 30'’
4 VALENTIN MADOUAS (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 30'’
5 WARREN BARGUIL (TEAM ARKEA - SAMSIC) + 00H 00' 30'’
6 PETR VAKOC (ALPECIN - FENIX) + 00H 00' 30'’
7 ROMAIN BARDET (AG2R LA MONDIALE) + 00H 00' 30'’
8 AUGUST JENSEN (RIWAL SECURITAS CYCLING TEAM) + 00H 02' 11'’
9 MAURITS LAMMERTINK (CIRCUS - WANTY GOBERT) + 00H 02' 11'’
10 RUDY MOLARD (GROUPAMA - FDJ) + 00H 02' 11'’