E Samschdeg war den Optakt vun der UCI Cyclocross-WM zu Dübendorf an der Schwäiz mat ë.a. dem Highlight vum Dag: de Weltmeeschtertitel bei den Dammen.
No exzellente Leeschtunge vum Christine Majerus an de leschte Wochen huet een op d’Leeschtung vun der Lëtzebuerger Championne dierfe gespaant sinn. Um physesch ganz schwierege Circuit wollt d’Lëtzebuergerin vum Joer hir staark Form mat engem gudde Resultat ënnersträichen.
Ugangs war si dann och vir bäi, ma huet awer am weidere Verlaf séier Meteren op déi staark Konkurrenz verluer. D’Christine Majerus hat am Verlaf vun der Course e Platten. Op de 5 Tier war iwwerdeems kee Kraut géint een hollännescht Trio gewuess, aus deem Ceylin Alvarado am Sprint als Gewënnerin ervirgaangen ass. Op d’Plazen 2 an 3 koumen Annemarie Worst an Lucinda Brand.
D’Christine Majerus huet d’Top10 verpasst an ass mat engem Retard vun iwwer 3 Minutten an 38 Sekonnen als 15. iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer.
Virdru war zu Dübendorf schonn eng weider Lëtzebuergerin mat der Marie Schreiber um Depart, dat bei der Course vun de Juniorinnen, wou si op eng excellenten 9. Plaz gefuer ass.
D’Lëtzebuerger Championne an dëser Alterskategorie hat e Retard vu ronn 3 Minutten op d’Gewënnerin Shirin van Anrooij. D’Weltmeeschterin aus Holland ass keng Onbekannt hei am Land. Si huet dës Saison déi international Cyclocrossen zu Conter an zu Péiteng gewonnen. Sëlwer a Bronz waren fir d’Hollännerin Puck Pieterse an d’US-Amerikanerin Madigan Munro. Si haten e Retard vun 53 Sekonnen respektiv enger Minutt an 18 Sekonnen.
Et ass fir d’éischte Kéier, datt bei enger Cyclocross-WM eng Course fir Juniorinne gefuer ginn ass. 46 Damme waren um Depart.
Weltmeeschter bei den Hären an der Alterskategorie vun den Espoire gouf den Hollänner Ryan Kamp. Hie konnt sech eng déck hallef Minutt virum Kevin Kuhn aus der Schwäiz a bal eng Minutt virum Mees Hendrikx aus Holland duerchsetzen.
Christine Majerus, qui avait annoncé quelques jours avant que le circuit des championnats du monde de cyclo-cross cette année n’était pas à son avantage, a tout de même réussi à rentrer dans le Top 15 hier lors de la course Élites dames.
La luxembourgeoise réalise un très bon départ qui la propulse parmi les huit premières concurrentes en début de course. Au fil des tours, Christine Majerus perd quelques places sur un circuit très usant physiquement. Dans le quatrième tour, elle est ensuite victime d’une crevaison qui la force à s’arrêter au poste matériel pour changer de vélo.
Christine, comme la plupart des concurrentes, souffre beaucoup sur ce circuit qui ravive aussi ses douleurs lombaires mais elle donne tout jusqu’à l’arrivée où elle sprinte face à Maghalie Rochette pour se disputer la quatorzième place. Elle prend finalement la 15ème place.
Christine Majerus, qui affichait à l’arrivée une certaine déception de ne pas avoir pu atteindre le Top 10, ne termine finalement qu’à dix-neuf secondes de la 11ème position prise par Katerina Nash. Elle a donc signé une performance très honorable malgré un circuit sec et un dos en souffrance qui ne lui a pas permis d’aborder ces championnats en toute sérénité.
La saison 2019-2020 de cyclo-cross est donc terminée pour Christine Majerus qui en dresse un bilan positif avec notamment quatre victoires à son actif ainsi qu’une excellente 4ème place à la Coupe du Monde de Nommay.
La luxembourgeoise va maintenant se tourner vers le début de la saison route et s’envolera en stage la semaine prochaine avec son équipe Boels Dolmans après la présentation officielle de l’équipe.