
2 Stonne virum Depart koum de Communiqué vun den Organisateuren: kee Coureur ass positiv.
D’Tester goufe virun der 9. Etapp gemaach an e Méindeg wärend dem Dag Paus. Net nëmmen d’Coureuren, mä och och d’Mataarbechter vun den Ekippe goufe getest, am Ganze goufe 650 Tester gemaach. Belsch Medien hate gemellt, dass beim Bob Jungels senger Ekipp, Deceunick-QuickStep, ee Member vum Staff positiv getest gi wier. Deem ass awer net esou. Dofir goufen awer 4 Member vum Staff vun aneren Ekippe positiv getest, jeeweils ee bei Ineos-Genadier, Mitchelton-Scott, Cofidis an bei AG2R-La Mondiale.
Et ginn also 165 Coureuren haut un de Depart.
Wéi d’AFP mellt, wier allerdéngs den Tour-Direkter Christian Prudhomme positiv getest ginn. Hie muss sech elo eng Woch vum Tour ewechhalen.
D’Etapp geet iwwert 168,5 Kilometer vun der Île d’Oléron bis bei d’Île de Ré. De Primoz Roglic geet als Leader vum General op den Depart.
De Start vun der 10. Etapp ass um 13.45 Auer. D’Etapp gëtt vu 15 Auer u live um RTL ZWEE an op RTL.lu iwwerdroen.
