Bei der Elite mat Kontrakt huet sech den Arthur Kluckers (VC Schengen / Tudor Cycling Team) säin éischte Championstitel am Zäitfuere geséchert. Hie war op de ronn 18 Kilometer 11 Sekonne méi séier wéi de Michel Ries. Op de Podium huet et nach den Tom Wirtgen gepackt. Hien hat e Retard vun 52 Sekonnen. Den Titelverdeedeger Alex Kirsch war net um Depart. An och de Kevin Geniets an de Bob Jungels hu gefeelt.
Bei der Elite ouni Kontrakt gouf et e weideren Titel fir den Tim Diederich (Team Snooze). Hie war 17 respektiv 48 Sekonne méi séier wéi de Charel Meyers an de Philippe Schmit. Domadder gouf et hei deen nämmlechte Podium wéi zejoert.
Bei den Dammen hat d’Nina Berton keng Chance géint d’Christine Majerus (SAF Zéisseng / SD Worx). Mat enger Avance vu 50 Sekonnen huet sech d’Christine Majerus hiren 18. Titel noenee geséchert. Zanter 2007 ass si ongeschloen. Bronze huet sech d’Maïté Barthels geséchert.
Bei den Espoirs-Dammen ass den Titel fir d’Marie Schreiber (CT Aterdaul / SD Worx). D’Cyclocross-Spezialistin war iwwert déi 18 Kilometer zwee Zéngtel méi séier wéi d’Majerus. Hannert dem Schreiber sinn d’Liv Wenzel (+2 Minutten an 20 Sekonnen) an d’Layla Barthels (+3 Minutten a 37 Sekonnen) nach op de Podium gefuer.
Bei den Espoiren dierf de Mats Wenzel (CT Atertdaul / Lidl-Trek) vun elo un am Zäitfueren am Trikot vum Lëtzebuerger Champion fueren. Hien huet sech virum Mathieu Kockelmann (+25 Sekonnen) an dem Arno Wallenborn (+1 Minutt a 25 Sekonnen) behaapt.
Bei de Juniore war den Dippecher Jonah Flammang-Lies dee Séiersten. Hien huet sech mat enger knapper Avance vu véier Sekonne virum Rick Meylender duerchgesat. Den David Loschetter huet de Podium komplettéiert (+9 Sekonnen). Bei de Meedercher ass den Titel un d’Gwen Nothum (UC Dippech) gaangen. Op d’Plazen 2 an 3 sinn d’Lena Lallemang an d’Sarah Mousel gefuer.
Bei den Debutanten huet sech de Maximilien Outlet de rout-wäiss-bloe-Maillot geséchert. De jonke Coureur vum CT Aterdaul hat e Virsprong vu 17 Sekonnen op den Dawson Fehlen Pereira. Bronze ass un de Loïc Gouveia gaangen (+27 Sekonnen). Bescht d’Meedche war d’June Nothum (UC Dippech) virum Kylie Bintz an dem Amy Breuer.
Bei de Masters huet sech de Marc Rolf Indergand nom Titel an der Course en Ligne och de Championstitel am Zäitfuere geséchert. De Coureur vun der Ekipp Toproad Réiserbann war 20 Sekonne méi séier wéi de Patrick Rauen. Op déi drëtt Plaz ass de Marc Scheller gefuer. Hien hat e Retard vun 28 Sekonnen.
LINK: Hei fannt Dir d’Resultater vum Zäitfueren
LINK: En Donneschdeg goufe schonn d’Stroossecoursse vun de Masters, Debutanten, Cadets a Minimes gefuer. Hei fannt Dir d’Resultater.