Cyclocross-WeltcupChristine Majerus fiert zu Namur als 19. iwwert d'Zil

RTL Lëtzebuerg
D'Christine Majerus hat e Retard vu 4 Minutte a 7 Sekonnen op d'Gewënnerin Lucinda Brand aus Holland.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

Beim Cyclocross-Weltcup zu Namur war um Sonndeg Nomëtten d’Christine Majerus am Asaz. Fir déi 32 Joer al Cyclistin ass et no hirer gudder 7. Plaz de leschte Weekend beim Duinencross net esou gutt gelaf. Béi schwéiere Bedingungen a vill Bulli a Reen ass d’Sportlerin vum Joer op déi 19. Plaz gefuer, 4 Minutte a 7 Sekonnen hannert der Gewënnerin Lucinda Brand.

Nieft der Lëtzebuerger Championne waren awer och nach 2 aner Lëtzebuergerinnen um Start. D’Laetita Maus an d’Marie Schreiber hunn an d’Pedalle gedréckt, si goufen allerdéngs aus der Course geholl.

Och bei den Häre ware bei de Juniore Lëtzebuerger um Depart. Bei der Victoire vum Belsch Thibau Nys fiert de Mats Wenzel als beschte Lëtzebuerger mat engem Retard vu 5 Minutten a 44 Sekonnen op déi 43. Plaz. De Tom Paquet klasséiert sech op der 49. (+6:23) Plaz an den Noe Ury gëtt 52. (+6:52). Den Arno Wallenborn, de Mika Lamesch an och den Alexandres Kess goufe wéinst dem ze grousse Retard fréizäiteg aus der Course geholl.

Back to Top
CIM LOGO