CyclocrossChristine Majerus fiert zu Troyes op déi 2. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Eng Victoire gëtt et fir d'Aniek Van Alphen aus Holland an op déi drëtt Plaz ass d'Marlène Petit aus Frankräich komm.

Op enger Distanz vu 14,45 Kilometer ass et e Samschdeg fir 25 Coureusen zu Troyes a Frankräich un den Depart gaangen.

Mat enger Zäit vun 42:35 Minutten an engem Retard vu 6 Sekonnen op d’Aniek Van Alphen ass d’Christine Majerus op déi zweet Plaz gefuer. Op de Podium huet et nach d’Marlène Petit mat engem Retard vun 11 Sekonne gepackt.

Back to Top
CIM LOGO